Journée Parlementaire: Politesch Rentrée ass präparéiert!

All Joer geet, kuerz virun der politescher Rentrée, eis Journée Parlementaire iwwert d’Bün. Traditionell ginn hei alleguerten d’Membere vun de Comitéen aus deene verschiddene Sektiounen am Land invitéiert fir matzediskutéieren an déi politesch Sujeten festzeleeën déi am Parlament prioritär behandelt solle ginn. D’Begréissung ass vum ADR-Fraktiounspresident Fernand Kartheiser gemaach ginn deen e kuerzen Iwwerbléck iwwert den Oflaf vun der Journée parlementaire gemaach huet. Iwwregens ass et déi éischte Kéier, datt de Fernand Kartheiser d’Journée parlementaire als neie Fraktiounspresident geleet huet. Hie sot sengem Virgänger Gast Gibéryen Merci fir säin onermiddlechen Asaz fir d’Partei a betount de Wonsch, datt de Gast der Partei mat senge Rotschléi nach laang erhale bleiwe soll. Dann huet de Fernand Kartheiser awer och gesot datt hien sech op seng parlamentaresch Zesummenaarbecht mam Fred Keup freet, deen hien fir en exzellenten zukünftegen Deputéierten hält. An senger Interventioun sot de Fred Keup datt hien sech virop fir d’Leit am Land asetze well. D’Lëtzebuerger Sprooch, eise Patrimoine an eis Kultur si weider Kärthemen, déi him besonnesch um Häerze leien. Hie betount, datt seng Generatioun d‘Land vun den Elteren a Grousselteren an engem gudden Zoustand iwwergi krut hunn an appelléiert un d’Verantwortung vun der Politik, Lëtzebuerg och fir déi zukünfteg Generatiounen an engem gudden a liewenswäerten Zoustand ze hannerloossen! Dann zu der politescher Aktualitéit, wou de Fernand Kartheiser betount huet datt d’ADR aktuell ganz gutt opgestallt ass, net nëmme personell, mee och programmatesch. D’ADR besetzt als eenzeg Partei eng ganz Rei Themen, zu där all déi aner Parteien sech net äusseren. Hie betount, datt d’CSV u Glafwierdegkeet verluer huet an an eenzel Stréimungen auserneegedrift ass. Den CSV-Parteipresident Frank Engel an den neie Generalsekretär Paul Galles wiere programmatesch kaum nach vun der grénger Partei ze ënnerscheeden. An deem Zesummenhank ass d’ADR nach déi eenzeg Mëtt-Riets-Partei, déi och staatsdroend ass. All déi aner Parteie befanne sech lénks vun der Mëtt. D’ADR ass de last man standing! D’Luxemburger Wort huet d’ADR jorelaang schlecht gemaach, an eis esou guer als „Brandstifter“ bezeechent! D’ADR ass awer e verlässleche Faktor an der rietser Mëtt. D’ADR-Fraktioun wëll och an der Diskussioun ëm d’Verfassungsreform verstäerkt abréngen. Mir hunn eng aner Visioun vun der neier Verfassung, ewéi d’Majoritéit. D’ADR wëll eng Verfassung, déi net engem falschen Modernitéitsgedanke noleeft mee eist Land effikass duerch gutt a manner gutt Zäite leede wäert.Da sinn eng Rei weider wichteg politesch Dossieren virgestallt an diskutéiert ginn: d’Heemaarbecht, d’Legaliséierung vum Cannabis an de 5G. Och d’Problematik ronderëm de Coronavirus an déi sëllegen Widderspréch sinn diskutéiert ginn, hei bleift d’ADR ganz skeptesch vis-a-vis vun der Regierungspolitik a schwätzt sech konsequent géint d’Covid-Gesetzer aus, dat als eenzeg Partei an der Chamber!       

 

 

Deel dëse Post: