Journée parlementaire – ADR setzt Akzenter fir déi politesch Zukunft

Virun der politescher Rentrée organiséiert d’ADR-Fraktioun, ewéi all Joer, eng Journée parlementaire, fir am Dialog mat alle Parteigremien iwwert d’Aktualitéit an déi politesch Zukunft vum Land ze schwätzen. Dëst Joer hunn sech zu Munneref am Hotel “Am Klouschter” vill intresséiert ADR-Membere fir e gudden an oppenen Austausch zesummefonnt an dobäi war ee sech eens: Dem Land geet et net gutt.

Covid-Kris, de Krich an der Ukrain, Präisdeierecht an domat verbonnen de Verloscht vun der Kafkraaft: Lëtzebuerg ass mat enger ganzer Rei u Problemer konfrontéiert, déi méi wéi eescht sinn. D’Regierung huet all dës Entwécklungen zum Deel aktiv matverschëllt: Déi onsënneg Sanktiounspolitik géint Russland féiert dozou, datt d’Bierger hei am Land mat enger Präisdeierecht konfrontéiert sinn, déi net just fir déi fianziell manner bemëttelt Stéit ganz eescht ass, mee och de Mëttelstand ganz haart trëfft. Dobäi war gewosst, datt dës Sanktiounen a Russland net zu engem politeschen Ëmdenke féieren.

Och de Gesondheetssystem ass no joerzéngtelaanger Mësswirtschaft ënnert de Sozialisten u senge Limitten ukomm. Et feelt u qualifizéiertem Personal an u Spidolsbetter. D’ADR hat an deem Kontext scho viru Joren eng Gesetzespropositioun deposéiert, fir deem entgéintzewierken. Dës gouf vun de Majoritéitsparteie verworf, déi gewinnt berodungsresistent sinn.

E weidert Thema, wat op der Journée parlementaire debattéiert gouf, war d’Situatioun vun de Sex-Aarbechter zu Lëtzebuerg. Obwuel och zu Lëtzebuerg d’Prostitutioun iwwerall ze fannen ass, gëtt dëse Gesellschaftsberäich bewosst ignoréiert, an déi betraffe Leit schaffen ouni all legale Kader, wat d’Dieren grouss opmécht fir all Zort vu Mëssbrauch vun deene Leit. An deem Kontext huet d’ADR-Fraktioun betount, datt si sech ee Joer virun de Walen och fir déi Leit asetzt, déi keng Stëmm an der Gesellschaft hunn. 

No der Journée parlementaire hunn d’Memberen sech nach bei engem frëndschaftlechen Austausch zesummefonnt.

Hei e puer Andréck vun der Journée parlementaire vum 1. Oktober zu Munneref:

 

Deel dëse Post: