Journée Parlementaire 2021

Wéi all Joer am Hierscht huet d’ADR sech op der Journée parlementaire getraff, fir déi nei parlamentaresch Sessioun 2021-2022 virzebereeden. E Samschdeg, den 02. Oktober, am Parc-Hotel Alvisse zu Dummeldeng, hunn déi véier Deputéierten, Fernand Kartheiser, Fred Keup, Jeff Engelen a Roy Reding zesumme mat dem Parteipresident Dr. Jean Schoos, dem Generalsekretär Alex Penning a mat enger Rei engagéierte Membere vun de Bezierker, den ADR-Fraen an der ADRenalin, ënnerschiddlech Themen hannerfrot an diskutéiert. No senger Begréissungsried ass de Fraktiounspresident Fernand Kartheiser op d’Wichtegkeet vun der Meenungsfräiheet agaangen. De Jeff Engelen huet erkläert firwat d’ADR d’Covid-Gesetz vu Gambia net matdréit an de Roy Reding huet a senger Interventioun déi aktuell Steierpolitik vun der Regierung kritesch ënnert d’Lupp geholl. De President vun der jonker ADR, Michel Lemaire, huet iwwerdeems op aktuell Problemer vun der Landwirtschaft, mat och Léisungsvirschléi, higewisen. No den eenzelen Interventioune sinn et all Kéier lieweg Diskussiounen am Sall ginn, woubäi sou munch Propositioun oder Bemierkung an de politeschen Diskurs mat afléisse wäert.  

Deel dëse Post: