Journée parlementaire 2014: zu de Referendumen (VIDEO)

E Samschdeg, de 4. Oktober ass zu Hamm dat parlamentarescht Joer 2014 – 2015 virbereet ginn. Nieft den 3 Deputéierte Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser a Roy Reding an dem Parteipresident Jean Schoos hunn eng Rei Memberen aus de Bezierker un dëser Journée parlementaire deelgeholl.

Déi ugekënnegt Verfassungsreform, an déi 4 Froen déi am Virfeld vun der Gambia-Regierung a Form vun engem consultativem Referendum solle gestallt ginn, stoungen am Mëttelpunkt vun den Debatten.

Et gëtt festgehalen, datt fir d’ADR d’Verfassungsreform sech muss genee un den Artikel 114 aus der Constitutioun halen, dat heescht: eng breet Majoritéit an der Chamber iwwert en Text; en 1. Vote an der Chamber mat enger 2/3 Majoritéit; den 2. Vote soll ersat ginn duerch e Referendum iwwert d’Verfassung als ganzt. D’Decisioun fir den 2. Vote duerch e Referendum ze ersetze ka vun enge ¼ vun de Deputéierte gefrot ginn, oder duerch 25.000 Ënnerschrëfte vun de Wieler verlaangt ginn.

Fir d’ADR stinn also déi Froen, déi d’Regierung wëllt stellen, ausserhalb vun dëser Prozedur. D’ADR kann sech domadder offannen, datt d’Froen an de Form vun engem consultativem Referendum gestallt ginn, mä wëllt awer net an déi Prozedur agräifen, sief et iwwert d’Formulatioun vun de Froen an och net andeems se weider Froe ragëtt.

D’ADR wäert awer kloer Positioun zu dëse Froe bezéien, dëst op d’Grondlag vum Walprogramm. Dës Positioune gi vun der ADR an enger Campagne vertrueden, an duerno och beim Vote an der Chamber ausgedréckt, onofhängeg vum Resultat vum consultative Vote.

Nodeems d’ADR Positioun zur Verfassungsreform vun den Delegéierten op der Journée parlementaire festgehale gouf ass se e Méindeg, de 6. Oktober 2014, der Press vum Gast Gibéryen virgestallt ginn (VIDEO).

Weider Themen op der Journée parlementaire vun der ADR waren ënner anerem d’Reform vum Staatsrot, d’Staatsfinanzen an d’Zesummespill tëschent de neie Plans sectoriels an dem Logement. Weider huet de Fernand Kartheiser eng gréisser Debatte lancéiert iwwert den Enseignement.

Eng Rei vun dësen Theme ginn an deenen nächste Wochen iwwert Pressekonferenze verdéift.

 

Deel dëse Post: