Jo zur Afferambulanz!

D’ADR begréisst de Gesetzesprojet iwwert d’Afferambulanz, deen de Betraffene vu Gewalt eng wichteg Stäip bitt. Den ADR-Deputéierte Roy Reding verweist allerdéngs op d’Wichtegkeet vun enger Differenzéierung, duerch wien häuslech Gewalt ausgeüübt gëtt: D’Statistike vun der Police Grand-Ducal weisen, datt d’Virstellung, Gewalt géif ëmmer just vu Männer ausgoen, an de Beräich vun de Mythen gehéiert. An deem Sënn setzt sech d’ADR fir eng oppen Ausernanersetzung iwwert d’Ursaache vu Gewalt an.

D’ADR gëtt hiren Accord zum wichtege Gesetzesprojet iwwert d’Afferambulanz (Video ‘1”54).

 

 

Deel dëse Post: