Jo zum Verbuet vun Zuuchtpelz

D’ADR schwätzt sech ganz däitlech fir de Verbuet vun Zuuchtpelzer aus – eng Selbstverständlechkeet, wann een déi grujeleg Biller gesäit, wéi dës Déieren dacks gehalen a behandelt ginn. De Roy Reding mécht a senger Interventioun vum 19. November däitlech, datt den Déiereschutz an der DNA vun der ADR läit. Den Zentrumsdeputéierten huet an deem Kader schonn eng Gesetzespropositioun an eng Propositioun fir eng Verfassungsännerung an der Chamber deponéiert, déi d’Wuel vun den Déiere garantéiere soll.

Op den Handel an de Verkaf vun Zuuchtpelzer bezunn ass de Roy Reding der Meenung, datt een hei just op europäeschem Niveau eppes erreeche kann. An deem Kader hat d’ADR eng Motioun präparéiert, déi an änlecher Form och vun de Majoritéitsparteie proposéiert gouf an déi d’Reformpartei selbstverständlech matgestëmmt huet.

Deel dëse Post: