Jo zum Südspidol

Den 12. Juli gouf an der Chamber iwwert dat neit Südspidol ofgestëmmt an d’ADR huet mat Freed hiren Accord fir dëse wichtege Projet ginn. De Fernand Kartheiser hat allerdéngs e puer méi grondsätzlech Remarken zum geplangten Escher Spidol ze maachen. Esou ass et fir den ADR-Deputéierten net verständlech, datt trotz steigender Awunnerzuel an trotz der Tatsaach, datt eis Bevëlkerung ëmmer méi al gëtt, d’Unzuel vun de Better insgesamt ëm ronn zéng Prozent erofgeschrauft gëtt. Och d’Urgencen an Osten an am Norde misste méi grousszügeg ugepasst ginn, fir esou déi onmoosseg laang Waardezäiten an de Grëff ze kréien. Am Kontext vum stramme Wuesstem misst een sech grondsätzlech d’Fro stellen, wéi d’Land an Zukunft mat der staarker Belaaschtung vun eise medezineschen Infrastrukture wäert ëmgoen. D’ADR mécht sech zanter laangem staark fir en méi vernënftege Wuesstemsmodell, deen och den zukünftege Generatiounen nach eng héich Liewensqualitéit bidde kann.

 

Deel dëse Post: