Jo zum Rechtsstaat, neen zum CSV-Staat: de Luc Frieden muss zerécktrieden!

D’ADR bekennt sech ouni Aschränkungen zum Rechtsstaat an zum Prinzip vun der Trennung vun de Pouvoiren tëschent der Exekutiv, der Legislativ an der Justiz. Opgrond vun dësem esou wichtege Prinzip fir en demokratesche Staat, huet den Nationalkomitee vun der ADR d’Deputéiert Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser gebieden, en Donneschdeg an der Chamber fir déi zwou Motiounen ze stëmmen, déi de Récktrëtt vum Minister Luc Frieden an der ganzer Regierung fuerderen.

En Dënschdeg den Owend huet den Nationalkomitee vun der Alternativ Demokratescher Partei déi sougenannte Bommeleeër-Affär analyséiert, a ganz besonnesch d’Roll vum Luc Frieden, deen an dësem Dossier als Justizminster beim Procureur général d’État a bei enger Riichterin intervenéiert ass. Och d’Roll vum Premierminister Jean-Claude Juncker, deen déi politesch Responsabilitéit vum SREL dréit, gouf thematiséiert.

Den Nationalkomitee ass entsat iwwert den Ausmooss, deen des Affär hëlt, a ganz besonnesch iwwert de Manktem un Asiicht vun den CSV-Ministere Jean-Claude Juncker a Luc Frieden, déi sech als Affer wëllen duerstellen. Et ass ongehéierlech an och geféierlech, datt e Jurist a fréiere Justizminister sech wëll iwwert den elementaarste Grondprinzip vum Rechtsstaat setzen! Schonns eleng de Fait, datt eng Riichterin huet missen an eng parlamentaresch Kommissioun komme fir iwwert en Entretien mam Justizminister am Dossier Bommeleeër ze beriichte misst Grond genuch sinn, fir datt de Minister vun sech aus seng Responsabilitéit hëlt.

Den ADR-Nationalkomitee ass dowéinst frou, datt de Gast Gibéryen sech als éischten ëffentlech fir d’Demissioun vum Luc Frieden ausgeschwat huet. Den Nationalkomitee biet d’ADR-Deputéiert déi zwou Motiounen an der Chamber ze ënnerstëtzen, déi esouwuel de Récktrëtt vum Minister Luc Frieden wéi vun der ganzer Regierung verlaangen.

D’ADR wënscht, datt fir d’éischt d’Motioun vun der Demissioun vum Luc Frieden zum Vote kënnt, fir esou der LSAP d’Geleeënheet ze ginn, sech zum Rechtsstaat ze bekennen, andeems se de Récktrëtt vum fréiere Justizminister matdréit. D’ADR hofft, datt déi sozialistesch Deputéiert sech kloer fir d’Trennung vun de Pouvoiren ausschwätzen; alles aneschtes wär e Kazebockel maache virum CSV-Staat an dem Unhalen un der Muecht fir egal wat fir e Präis.

D’ADR hofft, datt en Donneschdeg an der Chamber,  iwwert d’Parteiegrenzen eraus, all Politiker genuch Courage weist fir zu Lëtzebuerg de Rechtsstaat als ieweschte Prinzip unzeerkennen an sech net ee Mol méi hannert Interpretatiounsdivergenzen ze  verstoppen. D’ADR huet Vertrauen an d’Justiz, datt de Bommeleeër-Prozess zu engem gudden Enn kënnt a wäert weider, trei sengem Grondsazprogramm, sech zu Lëtzebuerg fir d’Demokratie an de Rechtsstaat asetzen.

Deel dëse Post: