Jo zum Cannabis fir medezinesch Zwecker

D’ADR mécht sech schonns zanter Jore staark fir d’Legaliséierung vum Cannabis fir medezinesch Zwecker. De Roy Reding huet a senger Interventioun vum 28. Juni betount, datt dës Legaliséierung noutwenneg an am Interessi vun all Patient ass, deem säi Leiden, sief dat kierperlech oder psychesch, duerch de Cannabis méi liicht ze erdroen ass. Den ADR-Deputéierte gesäit allerdéngs Verbesserungspotential beim Gesetzestext: De Gebrauch vum Cannabis fir medezinesch Zwecker ass alt erëm iwwerreglementéiert – typesch fir Gambia! Hei feelt et u Vertraue fir eis Dokteren, déi an hirer “liberté therapeutique” onnéideg ageschränkt ginn. Och d’Prozedure fir den Ubau vum Cannabis si schlecht gereegelt. Beim Volet Schmäerztherapie mécht de Roy Reding däitlech, datt hei d’Verschreiwe vum Cannabis eleng net duer geet. D’ADR mécht sech staark dofir, datt d’Schmäerztherapie endlech vollstänneg unerkannt gëtt. Alles an allem e gutt Gesetz, bei deem d’ADR hire “Jo” mat Begeeschterung gëtt.

Deel dëse Post: