Jo zu Palliativmedizin, nee zu Euthanasie!

E ganz schwieregen Thema, den 10. Dezember an der Chamber mat engem Rapport zur Euthanasie. Fir d’ADR huet de Fernand Kartheiser nach eng Kéier kloer gemaach, datt et Jo zur Palliativmedizin heescht a nee zur Euthanasie (Video, 10 Minutten 38). Dat mënschlecht Liewen ass onendlech wäertvoll. Duerfir sollt och keen Dokter et kënne beennegen, well Doktere sinn do fir Liewen ze schützen. Palliativmedizin, Fleg a Geriatrie wären déi richteg politesch Prioritéiten, sou de Fernand Kartheiser. Dat hätten och d’Leit erkannt, well Euthanasie géing relativ wéineg an Usproch geholl ginn, wann een hei am Land mat der Palliativmedizin vergläicht.

Kritiséiert huet den ADR-Deputéierten a senger Riet (Video, 10 Minutten 38) och, datt an der Kommissioun, déi d’Euthanasie hei am Land kontrolléiert, Leit sëtzen, déi dat géinge praktizéieren. Hien huet sech energesch géint eng ganz Rëtsch Fuerderunge gewannt, déi opgestallt goufen. Et kinnt net sinn, datt ee sollt ofgerodekréien am Fall vun Euthanasie vun “Doudmaachen” ze schwätzen. A sengen Aen dierft Euthanasie nie als “natierlechen Doud” konsideréiert ginn. Et wär net néideg Euthanasie un der Uni ze léieren, Palliativmedizin wär vill méi usprochsvoll wéi e Mënsch mat enger Sprëtz doudzemaachen. Och wär et net néideg vum Staat bezuelte Reklamm fir Euthanasie ze maachen. Kranker missten kënnen en aneren Avis froen wéi just hiren Dokter, wat d’Gesetz nët erlaabt. A schliesslech wär et net un Dokteren déi géint Euthanasie sinn, hir Patienten dorop opmierksam ze maachen. Fir Patiente geféierlech wär et, un en Dokter ze geroden, dee fir Euthanasie ass, also sollten déi dat am viraus matdeelen, wann e Mënsch em Hëllef géing Froen. D’ADR-Positioun ass kloer: Jo zu Palliativmedizin, nee zu Euthanasie!

Deel dëse Post: