Jo de ländleche Raum bleift d’Stéifkand vu Lëtzebuerg!

Mobilitéit, Gesondheetsversuergung, Police-Presenz, Infrastrukturen etc. – Jo de ländleche Raum vu Lëtzebuerg bleift d’Stéifkand vu Lëtzebuerg! A senger Interventioun vum 17. Mee betount den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen iwwerdeems, dass dat och politesch gewollt ass. Bis haut refuséieren CSV a Gambia, dem ländleche Raum méi Gewiicht ze ginn, andeems d’Zuel vun den Deputéierten endlech der walberechtegter Bevëlkerung ugepasst gëtt an den Norden an Osten domat endlech méi politescht Gewiicht géife kréien – Traureg! An deem Kontext huet de Jeff Engelen dann an der Chamber och eng Motioun deposéiert, déi genee dat fuerdert – an dës gouf ofgeleent!

An enger weiderer Motioun fuerdert den Nord-Deputéierten, dass essentiel Servicer um Bierger, ewéi z.B. de Post- a Bankeservice an all Kantonalhaaptstad erhale muss bleiwen, fir datt déi kleng Stied wéi Clierf net esou ausstierwen, wéi dat elo de Fall ass – och dat gouf refuséiert!

Deel dëse Post: