De Jeff Engelen huet seng éischt Ried an der Chamber mat Bravour gemeeschtert. Am Numm vun der ADR huet de Nord-Deputéierte den 18. Mäerz seng Zoustëmmung zu engem gudden a sozial gerechte Gesetzestext ginn: De Mindestloun gëtt nämlech ëm 1,1 Prozent gehéicht; eng Mesure, vun där déi finanziell gesi méi schwaach Matmënschen an eiser Gesellschaft profitéieren. Fir ronn 60.000 Persoune geet d’Kafkraaft elo liicht erop; et muss een dobäi wëssen, datt déi meescht vun deene Leit kee Kollektivvertrag hunn.