[BEÄNTWERT] Jeu e-Memory à l’école fondamentale

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Chancëgläichheet an un d’Madame Educatiounsministesch weiderzeleeden.

An engem Zeitungsartikel iwwert de sougenanntenen « Girls’ Day – Boys’ Day » vum 26. 02. 2013  stoung datt d’Kanner schonn an der Primärschoul sollen « Schnupperlehrgänge » kréien, fir den « traditionnelle Beruffsbiller » Äddi ze soen. D’Gemenge Suessem an Diddeleng hätten zu deem Zweck e Memory-Spill an de Primärschoule benotzt.

An deem Zesummenhank wollt ech den Damme Ministeschen dës Froe stellen:

  1. Ëm wéi e Memory-Spill handelt et sech dobäi? Ass dat e speziellt Spill fir den uewe genanntenen Zweck ? Wa jo, kënnen d’Damme Ministeschen dëst Spill den zoustännege Chamberkommissioune weisen?
  2. Wéi dacks an op wéi enge Klasse gouf dat Spill benotzt ? Vu weem ass d’Initiativ ausgaangen? Wéi vill Zäit ass fir dat Spill geholl ginn an a wéi engem Fach?
  3. Goufen d’Eltere virdrun ëm Erlaabnis gefrot?
  4. Wéi hunn d’Kanner reagéiert?
  5. Ass geplangt fir sou Experimenter ze widderhuelen oder dat och nach an aneren Uertschaften ze maachen ?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

 

Réponse écrite de Madame Mady Delvaux-Stehres, Ministre de l’Education nationale et de la Formation professionnelle; Madame Françoise Hetto-Gaasch, Ministre de l’Egalité des Chances

Deel dëse Post: