Jean Schoos: Realpolitik geet just mat der ADR!

Wien sech net grad all Dag mat Politik beschäftegt, deem sief ugeroden, d’Erëffnungsried vum Jean Schoos um Nationalkongress 2020 zu Ettelbréck ze lauschteren: Dem ADR-Parteipresident ass et gelongen, a ronn 15 Minutten en ausféierlechen a bësseg formuléierten Iwwerbléck zur politescher Aktualitéit ze liwweren. An dobäi misst och dem Leschte séier kloer ginn: Realpolitik geet just mat der ADR! 

Nee, d’ADR wäert net bei déi kleng Leit an de Mëttelstand goen, fir d’Lächer vun enger schlecht geréierter Staatskeess ze stoppen; Nee, d’ADR mécht keng Klimapolitik, wou déi eenzel Gesellschaftsschichte géinteneen opgespillt ginn an Nee, d’Logementsproblematik léise mir net duerch ëmmer nei Virschrëften a Prozeduren. A well d’ADR sech net doduerch definéiert, déi aner ze kritiséieren, weist den ADR-Parteipresident kloer d’Richtung op, op déi d’Reformpartei histeiert: D’ADR ass déi eenzeg konservativ-biergerlech Partei Riets vun der Mëtt, déi net just Politik fir d’Leit wëll maachen, mee mat de Leit zesummen. An hiren dräi Resolutioune proposéiert d’ADR Léisungen, fir datt eist Land an eise Planéit fir all Mënsch eng Plaz vun der Liewensqualitéit bleift. Am Beräich vun der Flüchtlings- an Asylpolitik mécht d’ADR keng falsch Versprieche mee proposéiert Léisungen, fir datt d’Leit an de Hierkonftslänner erëm laangfristeg Perspektiven hunn. An fir datt leeschtbare Wunnraum an Opbau vu perséinlechem Verméigen erëm zu enger Realitéit soll ginn, huet d’ADR den Dossier Logement Punkt fir Punkt an ouni ideologesch Scheiklappen op de Leescht geholl.

Deel dëse Post: