Iwwert d’Kombinatioun vu Walplakater

Mat Verwonnerung huet d’ADR notéiert, datt sech an engem rezente journalistesche Kommentar gefrot gëtt, ob d’ADR mat Absicht hiert Plakat mat dem Slogan „Keng illegal Immigratioun“ plazeweis ënner d’Foto vun enger Kandidatin vun enger anerer Partei, déi kapverdianesch Originnen huet, opgehaangen hätt. Den Toun an den Opbau vun dem Artikel komme ganz no un eng Ënnerstellung an deem Sënn erun.

D’ADR weist esou Spekulatiounen decidéiert zréck. Weder gëtt et eng Intentioun, eng Kandidatin perséinlech unzegräifen, wat net de Stil vun der ADR ass, nach ze ënnerstellen, datt déi betreffend Kandidatin an iergend enger Form illegal am Land wier.

Dat Zesummentreffe vu Poustere vu verschiddene Parteien, woubäi mol net ëmmer kloer ass, wéi eent vu wéi enger Partei als éischt do war, kann zu heiansdo iwwerraschende Kombinatioune féieren, wann een dann onbedéngt wéilt eng Verbindung do gesinn, wou nëmmen den Zoufall spillt.

D’ADR huet jiddefalls hiren Equippen den Optrag ginn, fir déi an der Press zitéiert Kombinatioun esou wäit wéi méiglech, dat heescht do, wou d’ADR als zweet un engem Luuchtepotto plakatéiert, ze evitéieren.

D‘ADR freet sech driwwer, datt et zu Lëtzebuerg keng rassistesch Partei gëtt a gesäit doran e staarkt Zeeche fir eng héich politesch Kultur. Déi legitim Diskussioun géint déi illegal Immigratioun féiert d‘ADR op Basis vun Argumenter aus dem internationalen, ëffentlechen Droit an der evidenter Noutwennegkeet, an engem Rechtsraum bestoend gesetzlech Normen ze respektéieren.

D’ADR bedauert, datt hir Plakater op ville Plazen zerstéiert oder beschiedegt ginn. Si selwer engagéiert sech, fir hiren eegenen deontologeschen Uspréch gerecht ze ginn, fir d’Informatiounscampagne vun hire politesche Géigner allzäit ze respektéieren.

D’ADR hofft, datt d’Medien och an dëser Wahlcampagne hirem Optrag, objektiv iwwer déi verschidde Parteien ze informéieren, nokommen, an domat net, wéi dat scho leider am Ausland op ville Plazen de Fall ass, d’Vertraue vun de Leit ze verspillen.

 

Pressematdeelung vum 30. Abrëll 2019

 

Deel dëse Post: