Iwwerstonnen an eise Schoulen: wéi ginn déi bezuelt?

Verschidde Schoulmeeschteren a Proffe bekloe sech iwwer ëmmer méi Iwwerstonnen, an datt déi net gutt bezuelt ginn. De Fred Keup freet beim Schoulminister no:

Fro:

D’Iwwerstonnen an eise Schoulen hu sech duerch d’Pandemie, mee och allgemeng duerch de chronesche Personalmangel zu engem Dauerthema entwéckelt. Vill Léierpersounen am Fondamental an an de Lycéeë weisen drop hin, datt si ëmmer méi Iwwerstonne leeschte mussen, a sinn och net zefridden doriwwer, wéi dës Iwwerstonne bezuelt ginn.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister preziséieren, wéi genau d’Iwwerstonnen am Enseignement fondamental an an de Lycéeë bezuelt ginn?
  • Wéi eng Mesurë gedenkt den Här Minister ze ergräifen, fir ze verhënneren, datt am lafenden an an de kommende Schouljoren d’Zuel vun den Iwwerstonnen, déi am Fondamental an an de Lycéeën ofgeleescht musse ginn, net weider an d’Lut geet?

Äntwert:

Äntwert vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op d’parlamentaresch Fro
Nr. 7020 vum honorabelen Deputéierte Fred Keup

 

 

 

Deel dëse Post: