Iwwerschwemmungen a Brasilien

Brasilien erlieft zurzäit déi schlëmmst Iwwerschwemmungen a senger Geschicht. Dozou huet de Fernand Kartheiser e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

De brasilianesche Bundesstaat Rio Grande do Sul erlieft zurzäit déi schlëmmst Héichwaasserkatastroph an der Geschicht vun dësem südamerikanesche Land. Bis elo sinn dobäi op d’mannst honnert Mënschen ëm d’Liewe komm. De Gouverneur vum Bundesstaat schwätzt vun enger “Krichszeen”.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister fir Kooperatioun:

  • Huet déi brasilianesch Regierung déi Lëtzebuerger Regierung offiziell ëm Ënnerstëtzung an dëser dramatescher Situatioun gebieden?
  • Wann nee: Huet d’Lëtzebuerger Regierung Kontakt mat der brasilianescher Regierung opgeholl, fir hir bei der Bewältegung vun dëser Katastroph ze hëllefen?
  • Wa jo: Ass d’Lëtzebuerger Regierung bereet, der brasilianescher Regierung bzw. der Regierung vum Bundesstaat Rio Grande do Sul humanitär Hëllef ze leeschten an se finanziell, technesch an och op medezineschem Plang ze ënnerstëtzen (z.B. Noutfallversuergung, medezinesch Ausrüstung, Opruff zur Spendenaktioun, Liewensmëttel, Katastrophemanagement, Preventioun vun Infektiounskrankheeten a Seuchen, asw.)?
  • Denkt d’Lëtzebuerger Regierung drun, fir no dëser Ëmweltkatastroph der brasilianescher Regierung beim Ëremopbau vun de betraffenen Dierfer a Stied ze hëllefen? Wa jo: A wéi enger Héicht?

Äntwert:

Ad 1) Nee.

Ad 2) Ech hu Kontakt opgeholl mam Gouverneur vun der betraffener Regioun Rio Grande do Sul fir ons Hëllef unzebidden.

Ad 3) Als Äntwert op d’Iwwerschwemmungen am brasilianesche Bundesstaat Rio Grande do Sul huet déi international Federatioun vum roude Kräiz a roudem Hallefmound (IFRK) den 11. Mee 2024 en Noutfall-Appell lancéiert an héicht vun op mannst 8 Milliounen CHF (ëmgerechent ëm déi 8.12 Milliounen Euro) (d’Gesamtfinanzéierungsufuerderungen vum Appell si nach amgangen vun der IFRK bestëmmt ze ginn). Op Basis vun den humanitären Bedierfnisser, déi duerch d’Iwwerschwemmungen entstane sinn, an als Äntwert op deen Appell, huet Lëtzebuerg entscheet, den Opruff mat enger finanzieller Contributioun vun 200.000 Euro ze ënnerstëtzen. D’IFRK ass e laangjärege Partner vun der Lëtzebuerger humanitärer Hëllef, an een, deen déi lokal Aktioun an domat lokal Acteuren, wéi virun allem dat brasilianescht Rout Kräiz, ënnerstëtzt. D‘Nouthëllefsoperatioun vun der IFRK konzentréiert sech aktuell op d‘Bedierfnesser vun de Leit, déi hir Haiser komplett verluer hunn, mat besonnescher Opmierksamkeet op déi verdrängte Bevëlkerung, déi an temporären Zelter wunnt. D’Prioritéit gëllt de Familljen, déi nach keng Hëllef kritt hunn, besonnesch den elengerzéienden Eltere mat Kanner ënner fënnef Joer, eelere Leit a Leit mat enger Behënnerung. An enger zweeter Phase vun der Noutfallsaktioun gëllt eng besonnesch Opmierksamkeet den Naturvëlkergruppen a ländleche Gebidder. D‘Äntwertstrategie vun der IFRK konzentréiert sech drop, eng direkt Nouthëllef fir déi betraffe Bevëlkerung ze liwweren an d‘Gesondheets- an d‘Ëmweltauswierkunge vun den Iwwerschwemmunge ze reduzéieren, duerch Interventiounen an de Beräicher vun Noutënnerkonft, Suen, Waasser a Sanitäranlagen, Hygiène, Gesondheetsfërderung a psychosozial Ënnerstëtzung. An deem Kontext ënnerstëtzt d’IFRK dat brasilianescht Rout Kräiz a senger Äntwert op d‘Iwwerschwemmungen.

Doriwwer eraus ënnerstëtzt Lëtzebuerg all Joer eng Partie humanitär Fonge fir eng efficace a lokaliséiert humanitär Hëllef op Katastrophen ze erméiglechen, dorënner och den Noutfallfong fir Katastrophenhëllef („Disaster Response Emergency Fund“) vun der IFRK, dee schonn 1 Millioun Euro allouéiert huet fir eng schnell Reaktioun op d’Iwwerschwemmungen zu Rio Grande do Sul.

Ad 4) D‘Hëllef déi am Moment via déi verschidden Appellen international gefrot ginn ass, ass eng humanitär Ënnerstëtzung, déi Lëtzebuerg, wéi och bei aneren Naturkatastrophen, opbréngt. Wat eng méiglech weider méi laangfristeg Hëllef ugeet, muss dat op der Basis vun der Evolutioun vun der Situatioun, der Demande no internationaler Hëllef, de Besoins op der Plaz an deem wat Lëtzebuerg kann offréieren, analyséiert ginn.

 

Deel dëse Post: