Betreffend d’Iwwerhuelverbuet tëscht Eemeschbaach an Antoniushaff, dat säit dem 1.9.2025 a Kraaft ass, huet de Jeff Engelen e puer Froen un d’Mobilitéitsministesch.
Fro:
Per „Règlement ministériel“ vum 13. August 2025 huet d‘Madamm Mobilitéitsminister „en raison de la sécurité routière au vu de l’intersection avec le CR373‟ en Iwwerhuelverbuet tëscht der Eemeschbaach an dem Antoniushaff decidéiert. Eis ass zu Ouere komm, datt vill Leit dës Decisioun net novollzéie kënnen.
An deem Zesummenhang hunn ech follgend Froen un d’Madamm Minister:
- Wéi eng konkret Sécherheetsproblemer goufen op dem betraffenen Abschnitt vun der N12 festgestallt, déi zu dësem Iwwerhuelverbuet gefouert hunn?
- Wéi laang ass de betraffenen Abschnitt genau, an no wéi enge Parametere gouf de Grad vu senger verkéierstechnescher Geféierlechkeet bewäert?
- Gouf et op där Plaz an der Vergaangenheet Accidenter? Wa jo, wéi vill a wéi eng Zort?
- Wéi eng Verkéiersdaten (z. Geschwindegkeeten, Verkéiersdensitéit) louchen der Entscheedung zugronn?
- Firwat betrëfft d‘Iwwerhuelverbuet just d‘“véhicules automoteurs“? Firwat däerfen z. Motorrieder weiderhin iwwerhuelen?
- Gouf d’Iwwerhuelverbuet mat Verkéiersexperten oder der Police bzw. mat den Instanzen a Bierger vun de betraffene Gemengen ofgestëmmt?
- Gouf am Virfeld vun där Decisioun eng Etüd an Optrag ginn? Wa jo, kënnt Dir eis déi Etüd zoukomme loossen?
- Wéi eng Auswierkungen erwaart d’Madamm Minister sech op de Verkéiersfloss op der N12? Kéint d’Iwwerhuelverbuet zu méi Réckstau oder zu riskante Fuermanövere féieren?
- Ass geplangt, d’Wierksamkeet vum Iwwerhuelverbuet reegelméisseg ze evaluéieren?
- Wéi eng Krittäre mussen erfëllt sinn, fir datt d‘Iwwerhuelverbuet rëm opgehuewe gëtt?
Foto: Symbolbild