Iwwerhéichten NOx-Ausstouss beim neie Jean Monnet Gebai?

Hei am Land gëlle ganz streng Norme fir den Ausstouss vu Stéckoxiden. Wéi der ADR allerdéngs lo zougedroe gouf, hält d’Regierung dës Virschrëften selwer net ëmmer an. No den Informatiounen, déi d’ADR krut, ginn am neie Jean Monnet Gebai Elektrogeneratore verbaut, déi dëse Wäert iwwerschreiden, mee hei géif eng speziell Ausnamereegelung spillen, déi 2025 ausleeft. Wéi et duerno weider geet, ass net bekannt. Mussen déi entspriechend Apparaten nogerëscht ginn a stoung keen Ubidder zur Verfügung, dee vun Ufank u konform gebaut hätt?

Deel dëse Post: