“Istanbul”-Konventioun: vill Geld, wéineg Wierkung?

Am Joer 2018 huet Lëtzebuerg déi soug. Istanbul-Konventioun géint haislech Gewalt ratifizéiert. De Fernand Kartheiser freet d’Ministesch, ob d’Geld, dat fir d’Ëmsetzung vun dëser Konventioun agesat gëtt, och wierklech seng Zwecker erfëllt.

Fro:

Den 3. Juli 2018 huet d’Chamber d’Istanbul-Konventioun vum Europarot zur Preventioun a Bekämpfung vu Gewalt géint Fraen a géint haislech Gewalt ratifizéiert. Dës Konventioun verflicht d‘Ënnerzeechnerstaaten dozou, Mossnamen ze ergräifen, déi d’Affer schützen, an déi presuméiert Täter ze sanktionéieren.  Um Site vun violence.lu erkläert d’Regierung, wat se alles ënnerhëlt, fir d’Istanbul-Konventioun ëmzesetzen.

Wéi een awer an enger Pressematdeelung vun DAVIA (Domestic Abuse and Violence International Alliance), enger internationaler Organisatioun, déi sech derfir asetzt, datt ë.a. d’Istanbul-Konventioun am Sënn vun der Famill ëmgesat gëtt, noliese kann, komme just 3 % vun de Fongen, déi zur Ëmsetzung vun der Istanbul-Konventioun agesat ginn, och wierklech den Affer zou: Many billions of euros have been allocated to addressing the domestic violence issue over the past decade. For example, the European Union pledged 500 million euros in 2017, and France allocated an additional 360 million euros. But a recent report from Spain [https://gaceta.es/espana/la-abogada-yobana-carril-el-feminismo-es-hoy-un-gran-negocio-20230308-1658/] reveals that only 3% of these funds are going to help abused persons, while 97% ends up supporting the operational expenses of feminist organizations.”

(https://endtodv.org/pr/istanbul-convention-an-ineffective-and-expensive-exercise-in-blind-faith/)

An der selwechter Pressematdeelung schreift d’Organisatioun: “Fortunately, high-quality research is being conducted across the continent. These studies show that men and women are equally likely to be perpetrators of domestic violence, and women are more likely to engage in making false allegations.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Madamm Minister:

  • Wéi vill Fongen huet Lëtzebuerg säit 2018 insgesamt am Hibléck op d’Ëmsetzung vun der Istanbul-Konventioun agesat? Wéi vill Prozent vun dëse Sue sinn direkt un d’Affer vun haislecher Gewalt gaangen?
  • Wéi steet d’Madamm Minister zur Ausso, datt Männer méi oft wéi Frae falsch beschëllegt ginn? Leien der Madamm Minister Statistike vir, déi dës Ausso confirméiere bzw. widderleeën?

Äntwert:

Zanter der Ratifizéierung vun der Istanbul Konventioun den 3. Juli 2018 ënnerstëtzt d‘Regierung d‘Ëmsetzung vu verschiddene Moossname fir Fraen, Kanner a Männer besser géint haislech Gewalt an aner Forme vu geschlechterbaséierter Gewalt ze schützen. D’Istanbul Konventioun ass eis Richtlinn fir den nationalen Dispositif ze stäerken a weider auszebauen.
Op Basis vun der éischter Evaluatiounsvisite vum ”Groupe d’experts sur la lutte contre la violence à l’égard des femmes et la violence domestique (GREVIO) “ vum Europarot vum 24-27 Oktober 2022 gëtt en éischte Bilan iwwert Ëmsetzung vun der Istanbul Konventioun zu Lëtzebuerg gemaach. Den Bericht dovun sollt an der zweeter Hallschent vum Joer ofgeschloss sinn .
Mäi Ministère investéiert säit 2018 tëschent 61% an 69% vu sengem globale Budget an de Kampf géint haislech Gewalt an an de Mënschenhandel. Des Fonge ginn direkt un eis konventionéiert Partner, déi responsabel si fir d‘Prise en Charge an d’Betreiung vu Fraen a Männer déi Affer vu Gewalt sinn.
D’Zuele par Rapport zur Entwécklung vun der haislecher Gewalt zu Lëtzebuerg fannt Dir am järleche Bericht vum “Comité de Coopération entre les professionnels dans le domaine de la lutte contre la violence” an ënnert dem Volet “violence domestique” vum Observatoire de l’Égalité. Des Statistiken dokumentéieren d‘Situatioun vun der haislecher Gewalt zu Lëtzebuerg.

 

Deel dëse Post: