IS-Sympathisant: vum Don Bosco op Paräis!

Et gëtt Flüchtlingen, déi och Terroriste sinn! Ee vun deenen, deen den 8. Januar 2016 zu Paräis erschoss ginn ass wéi en e Policekommissariat iwwerfall hat, war vum 12. bis de 17. Oktober am Foyer Don Bosco an der Stad logéiert. De 16. Oktober 2013 ass e vun der Police iwwerpréift ginn, dëst am Zesummenhang mat enger Fra déi Affer ginn ass vun engem gewalttätegem Déifstall, wou hiren Handy geklaut gouf.

Dëst geet aus der Äntwert vum Premierminister op eng dréngend parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser ervir.

D’Äntwert vun der Regierung deckt awer eng ganz Rei weider Dysfunktionnementer vun der der Lëtzebuerger Flüchtlingspolitik op!

De Mann, dee keng Identitéitpabeiere bei sech hat, an dobäi mat engem Delikt a Verbindung bruecht ginn ass, konnt sech weider fräi zu Lëtzebuerg bewegen an huet nach eng weider Nuecht am Don Bosco verbruecht, ier en sech duerch d’Bascht gemaach huet.

Wär en net „fräiwëlleg“ gaangen, hätt e wéinstens vum 12 Oktober 2013 bis den 23 Oktober (wann dann en Dolmetscher disponibel gewiescht wär!) am Don Bosco en Ënnerdaach gehat, ouni der Prozedur vun der Demande ze ënnerleien, mat wéinstens enger minimaler Iwwerpréiwung.

Obschonns, wéinst der Strofdot, seng Fangerofdréck an ADN geholl gi sinn, schéngt kee Verglach mat internationalen Datebanke gemaach ginn ze sinn.

Och international wéist de Parcours vum IS-Sympathisant op d’Mängel hinn. Den zäitweilege Gaascht vum Don Bosco konnt tëschent 2011 an dem Dag vu sengem versichtem Attentat zu Paräis, also 5 Joer laang, sech queesch duerch Europa bewegen an an e puer Länner, mat diverse falschen Identitéiten an Asyl ufroen. En ass e puermol mat Déifställ a Verbindung bruecht ginn, ouni dobäi festgeholl ze ginn.

Deel dëse Post: