Irregulär IT-Combattanten an der Ukrain

Nieft irreguläre militäresche Combattanten probéieren och Hacker op béide Säiten an den Ukrainkrich anzegräifen. Am Géigesaz zu militäresche Glécksritter lancéieren si hir Aktiounen awer an der Reegel vum Territoire vun Drëttlänner aus. Fir déi betraffe Staaten eng extrem brisant Ugeleeënheet: sou Aktioune kënnen hinnen als Akt vun der Aggressioun ausgeluecht ginn an en diplomateschen Eclat provozéieren. Wéi eng Moossnamen ergräift d’Regierung fir ze verhënneren, datt liichtsënneg Hacker eis als Aggressor géint déi eng oder aner Säit do stoe loossen?

Deel dëse Post: