IRMen a private Praxissen: De politesche Wëlle feelt!

Als eenzeg Partei huet sech d’ADR fir IRMen a private Praxissen, z.B. grad och am Oste vum Land, agesat. All déi aner Parteie waren dogéint – an dat mat schäinhellegen Argumenter. Rechtlech gesi besteet, wéi et schéngt, a wéi dat och d’Fachleit gesinn, nämlech guer kee Problem, fir datt och Privatpraxissen en IRM uschafe kënnen – eleng de politesche Wëlle feelt. An enger parlamentarescher Fro mécht den ADR-Nord-Deputéierten an deem Zesummenhank nach eemol Drock op d’Regierung.

Deel dëse Post: