Investitiounen an d’Nuklearenergie net benodeelegen!

Duerch d’Budgetsgesetz 2023 kënne verschidde Fonge bei der Taxe d’abonnement vun engem Saz vun 0,01 Prozent profitéieren, wann se 50 Prozent oder méi vun hire Finanzmëttelen an nohaltegen Investitioune placéieren. Obwuel d’EU-Legislatioun et anescht virgesäit, sinn Technologien aus dem Beräich vun der Atomkraaft heivun awer ausgeholl, esou guer, wann dës eigentlech am Sënn vun deene Gréngen agesat ginn, fir stëllgeluechten Anlagen zeréckzebauen. Sou ganz eens schéngt d’Regierung sech bei dësen diskriminatoreschen Dispositiounen awer net ze sinn, well esou wéi et dem ADR-President Fred Keup zougedroe gouf, bezilt si selwer Subsiden un Entreprisen aus genau deem Beräich aus. De Süddeputéierte wëll vun der Regierung wëssen, ob et sech hei net ëm eng Geleeënheet handelt, den Dossier insgesamt op de Leescht ze huelen.

Deel dëse Post: