Interpellatioun Gast Gibéryen iwwer d’Zukunft vu Lëtzebuerg

Et war eng enorm wichtegen Debatt, fir deen, deen se ugestiwwelt hat, déi wichtegst vun de nàchste Joeren. Den 3. Dezember stoung dem Gast Gibéryen seng Interpellatioun iwwer d’Zukunft vum Land an der Chamber op der Dagesuerdnung. Den ADR-Deputéierte mécht sech Suergen iwwer e Land, wat wiisst a wisst, ouni op d’Konsequenzen ze kucken. Hien zielt all déi Problemer a Nodeeler op, déi aus deem Wuesstem, dee wäit iwwer dem europäeschen Duerchschnëtt louch, entstane sinn, sief et beim erhéigte Risiko aarm oder aarbechtslos ze ginn, an der Schoul, am Verkéier, bei den Infrastrukturen, bei de Staatsfinanzen, bei der Staatsschold oder den Pensiounen …

Hie verlaangt dofir eng Reflexioun iwwer dat wat mer wëllen, fir steierpolitesch an och iwwer d’Kontroll vun Projekter vun Entreprisen, fir sech hei néierzeloossen, e qualitativ héigwäertegen, nohaltege Wuesstem fir eist Land an e fuerdert, datt d’Politik gemeinsam e Wee aus der Wuesstemsfal fënnt. Och wann den ADR-Deputéierte betount huet, datt seng Interpellatioun kee wéilt ugräifen an am Wuel vum Land wär, krut hie net nëmme positiv Reaktiounen. D’Regierungsbänk huet sech allerdéngs brav gewisen an drop higewisen, datt hir Aarbecht a Gedanken an eng àhnlech Richtung géinge goen.

Deel dëse Post: