International Accorden mussen an d’Chamber!

An der Chamber gouf e Mëttwoch, de 15. November, e Gesetz gestëmmt, bei deem et ëm d’Ratifizéierung vun enger europäescher Konventioun geet. Déi Konventioun gesäit de Schutz vum audiovisuelle Patrimoine vir an ass eigentlech aus dem Joer 2001, woubäi si elo, am Joer 2017, eréischt dem Parlament virgeluecht gëtt. Et ass un sech e Routinegesetz an d’ADR stëmmt och dofir. Allerdéngs sinn d’Dispositioune scho laang a Kraaft, woufir de Fernand Kartheiser d’Positioun vun der ADR – déi konsequent a konform zu eiser Verfassung ass –  nach emol ënnersträicht: All internationalen Accord muss dem Parlament zur Ratifizéierung virgeluecht ginn!

Deel dëse Post: