Inklusioun an der Schoul mat Häerz a Verstand

A senger Interventioun vum 28. Februar betount de Fred Keup, datt et d’Flicht vun der Schoul ass, all Schüler beschtméiglech ze fërderen an dobäi keen ze privilegéieren oder ze benodeelegen. Grad och Kanner mat spezifesche Besoine verdéngen eng gutt Ausbildung. Den ADR-Fraktiounschef betount dobäi awer och d’Roll vun der Famill als wichtegste Pilier vun der Erzéiung. Dës Opfaassung gëtt leider ëmmer manner duerch déi aner Parteie vertrueden. Schonn an der leschter Legislaturperiod konnt ee gesinn, datt d’DP, d’LSAP an déi Gréng d’Kanner tendenziell léiwer ënnert der Obhut vum Staat gesinn. Mir erënneren eis drun, datt et an den Ae vum Educatiounsminister Claude Meisch, “eng Iddi aus dem leschte Joerhonnert ass”, wann d’Elteren hir Kanner nach wëllen doheem erzéien – eng skandaléis Ausso, déi de Wäert vun der Famill als Kärzell vun der Gesellschaft degradéiert.

 

Deel dëse Post: