[BEÄNTWERT] Ingestion de médicaments prescrits dans les maisons relais et les écoles

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Educatiounsministesch an un d’Madame Familljeministesch weiderzeleeden.

Zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi e groussen Deel vun de Kanner a Jugendlechen de ganzen Dag iwwer an der Zäit vu 7 Auer moies bis 7 Auer owes an de Grond- a Sekundarschoulen, respektiv an de Maisons relais betreit, sou datt d’Elteren sech drop verloosse mussen, datt hir Kanner an dëser Zäit, déi souwuel Schoulzäiten wéi Iwwergangszäiten (moies vrun der Schoul, Mëttespaus, nomëttes no der Schoul) ëmfaasst, gutt versuergt ginn.

Zu dësem vun der Regierung geschafene globale Betreiungskonzept gehéieren also net nëmmen den edukative Beräich, mä och d’Beräicher vum gesonden Iessen, vun der Sécherheet am Allgemengen a vun der Gesondheet am Speziellen.

Dee präventive Gesondheetsberäich betrëfft natierlech all Kanner, deen therapeutesche Gesondheetsberäich betrëfft nëmmen déi Kanner an eise Schoulen, déi un enger Krankheet leiden an déi dowéinst a regelméisseger medezinescher Betreiung stinn.

En Deel vun dëse Kanner ass drop ugewisen, an deenen Zäiten, wou entweder d’Schoul oder d’Gemeng an de Maisons relais fir si verantwortlech sinn, Medikamenter opgrond vun enger “ordonnance médicale” entweder regelméisseg no engem vum Dokter festgeluechtene Schema oder bei Bedarf no enger vum Dokter kloer schrëftlech definéierter Situatioun vun enger erwuessener Betreiungspersoun ausgedeelt ze kréien.

Vill Elteren hunn awer an der leschter Zäit uechter d’ganzt Land Problemer gemellt am Ëmgang vun de Schoul- oder Maisons relais-Verantwortleche mat dëse spezielle Bedierfnisser vun de kranke Kanner, sou datt d‘Léierpersonal oder d’Personal vun de Maisons relais sech trotz klorer “ordonnance médicale” vis-à-vis vun den Eltere geweigert huet, de betraffene Kanner zum Beispill an der Mëttesstonn hir Medikamenter ze ginn, wat e grousse gesondheetleche Risiko an eng net akzeptabel medezinesch Diskriminatioun vun dëse souwisou scho benodeelegte Kanner a Familjen duerstellt.

An deem Kontext wéilt ech der Madame Educatiounsministesch an der Madame Familljeministesch dës Froe stellen:

1)      Wéi ass hei de gesetzleche Kader fir dëse Problem definéiert? Wat fir eng Roll spillt hei d’Legislatioun zum “encadrement périscolaire”?

2)      Wéi eng Moossnamen huet d’Regierung getraff, fir déi gesondheetlech Rechter vun de betraffene Kanner ze garantéieren?

3)      Wéi eng Moossnamen huet d’Regierung getraff, fir d’Léierpersonal an d’Personal vun de Maisons relais fir dëse Problem ze sensibiliséieren, respektiv iwwert dëse Problem z’informéieren?

4)      Wéi eng Moossnamen huet d’Regierung getraff, fir d’Léierpersonal an d’Personal vun de Maisons relais bei engem Problem an dësem Beräich rechtlech ofzesécheren?

5)      Wéi eng Moossnamen huet d’Regierung getraff, fir d’Léierpersonal an d’Personal vun de Maisons relais bei engem Problem an dësem Beräich um Versécherungsplang ze schützen?

6)      U wie kënnen d’Elteren sech bei Problemer wennen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Mady Delvaux-Stehres, Ministre de l’Education nationale et de la Formation professionnelle; Madame Marie-Josée Jacobs, Ministre de la Famille et de l’Intégration

Deel dëse Post: