Infrastrukturprojeten: Den Norden an den Osten net vergiessen!

A senger Interventioun vum 8. Dezember betount den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen, datt ee bei der Debatt iwwert d’Finanzéierung vun de groussen Infrastrukturprojete grad och den Norden an den Osten net vergiessen däerf. Et fält nämlech op, datt hei substantiell manner investéiert gëtt, ewéi am Süden an am Zentrum. Scho beim Walsystem ass de Bezierk Norden an Oste benodeelegt. Et stellt sech also d’Fro, firwat an den Ae vun der Regierung grad de ländleche Raum, wéi et schéngt, manner zielt…

Deel dëse Post: