Indexéierung vun de Familljenallokatiounen

D’Presidentin vum OGBL erhiewt schwéier Virwërf géint d’Regierung. Schonn 2006 hätten d’LSAP an d’CSV d’Familljenallokatioune aus dem Index rausgeholl. Wéi war dat mat “Fanger wech vum Index”? D’LSAP sëtzt säit 2004 onënnerbrach an der Regierung, déi da schliisslech 2014 versprach huet, sech em dee Probleem ze këmmeren. Lo versprécht ausgerechent d’Madamm Cahen, sech da fir 2022 dorëm ze këmmeren. Wat sinn Zousoe vun der Regierung nach wäert?

Deel dëse Post: