Inakzeptabel Zoustänn bei der Fréierkennung vu Kriibserkrankungen

Duerch d’Covid-Mesüre vun der Regierung wärend dem Lockdown goufe ronn 10 Prozent vun de Kriibserkrankungen net rechtzäiteg erkannt an traitéiert – mat dacks déidleche Suitten. De Jeff Engelen a Fernand Kartheiser stellen d’Regierung virun hir Verantwortung.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Wärend der Covid-Situatioun war den normale Fonctionnement vun eise Spideeler staark ageschränkt. Besonnesch wärend dem Lockdown gouf et dacks verpasst, d’Fréierkennung an d’Behandlung vu verschiddene Kriibserkrankungen ze assuréieren. Zu Lëtzebuerg geet d’Fondation Cancer esou guer dovun aus, datt duerch déi uewe beschriwwen Ëmstänn ronn 10 Prozent vun de Kriibserkrankungen net fréizäiteg erkannt goufen, respektiv, datt dës net chirurgesch behandelt goufen. Fir de Patient bedeit dat, dass d’Heelungschancë fir déi jeeweileg Kriibserkrankung substantiell ofhuelen.

An deem Kontext hätte mir folgend Froen un d’Regierung:

  1. Huet d’Regierung Zuelen an/oder Statistiken, wéi vill Kriibserkrankungen duerch d’Covid-Situatioun an de Lockdown net fréizäiteg erkannt konnte ginn? Huet d’Regierung Zuelen a Statistiken, wéi vill fir déi jeeweileg Kriibserkrankung noutwenneg chirurgesch Agrëffer duerch d’Covid-Situatioun an de Lockdown net konnten duerchgefouert ginn?
  2. Huet d’Regierung an deem Kontext och Zuelen an/oder Statistiken, a wéi engem Mooss d’Heelungschancë fir Patienten, wou eng Kriibserkrankung net fréi genuch diagnostizéiert gouf, respektiv, wou e chirurgeschen Agrëff net fréizäiteg duerchgefouert gouf, ofgeholl hunn?
  3. Huet d’Regierung an deem Kontext och Zuelen an/oder Statistiken, wéi dacks déidleche Suitten duerch déi net duerchgefouert Fréierkennung, respektiv, duerch déi net duerchgefouert chirurgesch Agrëffer, provozéiert goufen?
  4. Wou leit an den Ae vun der Regierung d’Responsabilitéit fir dës Ëmstänn, déi jo a ville Fäll fir de Patient déidlech Suitten haten? Misst d’Regierung net och hei betraffe Leit finanziell entschiedegen, well déi Situatioun jo eng direkt Konsequenz vun hire politeschen Decisioune war?

Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen , Fernand Kartheiser.

Deel dëse Post: