[BEÄNTWERT] Implantation d’un lieu de culte dans une résidence

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister, den Här Kultusminister, d’Madame Familljeministesch an d’Madame Ministesch fir Chancëgläichheet weiderzeleeden.

D’Association Islamique Le Juste Milieu huet an enger Residence zu Bouneweg eng gréisser Moschee ageriicht, dëst a Raimlechkeete, déi fir Büroen oder kommerziell Aktivitéite virgesi waren. Do komme regelméisseg e puer honnert Leit zesummen, d’Fraen däerfen net déiselwecht Entrée benotze wéi d’Männer. Et kommen och vill Kanner dohinner.

Et stellen sech eng Rei vun allgemenge Froen, zum Beispill iwwert d’Sécherheet vun de Benotzer vun der Moschee, der Legislatioun géint d’Diskriminatioun an den Agreement fir den Accueil vu Kanner.

Dowéinst erlaben ech mer, de Membere vun der Regierung dës Froen ze stellen:

  1. Wéi eng Demarche muss ee maachen, fir eng gréisser reliéis Ariichtung anzeriichten?
  2. Wéi eng Bestëmmunge muss eng Associatioun anhalen, fir Raimlechkeete fir e puer honnert Leit anzeriichten?
  3. Ass an dësem Fall e Kommodo/Inkommodo ugefrot ginn ?
  4. Wa jo, wat sinn d’Resultater?
  5. Kann de Staat toleréieren, datt et am Land Gebaier gëtt, an deene Fraen a Männer net déiselwecht Entrée däerfe benotzen ? Stellt dëst net e Verstouss géint d’Gesetzer géint d’Diskriminatioun duer?
  6. Huet d’Associatioun en Agreement fir vill Kanner an dëse Raim ze betreien? Wann neen, huet d’Associatioun en Agreement ugefrot?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

 

Réponse écrite de Monsieur Jean-Marie Halsdorf, Ministre de l’Intérieur et à la Grande Région; Madame Françoise Hetto-Gaasch, Ministre de l’Egalité des Chances; Monsieur François Biltgen, Ministre des Cultes

Deel dëse Post: