Impfungen: fräie Choix

Zu Lëtzebuerg sinn d’Impfungen, och fir d’Kanner, wuel recommandéiert, awer net obligatoresch. Dëst steet och esou op der Internetsäit sante.lu. Et soll awer virkommen, datt Crèchen, Internater an aner Strukture verlaangen, datt d’Kanner geimpft sinn, ier se do opgeholl kënne ginn.

Fir dës zweedäiteg Situatioun ze klären, hat de Gast Gibéryen eng parlamentaresch Fro un d’Madame Gesondheetsministesch gestallt. Abee, d’Äntwert ass kloer: Och wann de Ministär Impfunge géigeniwwer positiv ass, soll de Choix bei den Eltere sinn. De Ministär weess awer och, datt privat Crèchen den Impfzertifikat verlaangen, well dat esou an hirem interne Reglement steet. D’Fro ass elo op eng privat Crèche, déi jo awer vum Staat konventionéiert ass, kann eng aner “Gesondheetspolitik” verfollegen, wéi de Gesondheetsministär a fir sech esou Impfungen obligatoresch maachen?

Deel dëse Post: