Impfung géint Hepatitis

Am Kader vun der rezenter Kampagn vun der Regierung, fir sech géint Hepatits impfen ze loossen (Welt-Hepatitis-Dag, den 28. Juli), krut eng eeler Persoun vum CGDIS-Médico Blutt ofgezaapt, fir hiren Hepatitis-Schutz ze iwwerpréiwen. De Mann krut dunn e Bréif, an deem him matgedeelt gouf, datt seng Wäerter ze niddreg wieren an datt hien eng nei Impfung misst maachen, ee Service, dee si him am Médico och ugebueden hunn. Op seng Nofro hi krut de Mann gesot, datt hien déi Impfung och bei sengem Hausdokter maache kéint, wat de Mann dunn och gemaach huet. D’Sprëtz an der Apdikt huet hie 26 Euro kascht. Hien huet du beim CGDIS nogefrot, fir déi 26 Euro, déi am Géigesaz zu der Visitt beim Dokter net vun der CNS  iwwerholl goufen, rembourséiert ze kréien, wat awer laut Ausso vum CGDIS-Médico net méiglech an och net virgesi wier. Firwat krut dee Mann säi Geld net zeréck?

Deel dëse Post: