Impfstoffkombinatioun fir besser Resultater?

Fuerscher vun der Universitéit Saarbrécken solle festgestallt hunn, datt d’Kombinatioun vun de Impfstoffer AstraZeneca a Biontech/Pfizer eng besser Wierksamkeet géing erreechen, ewéi e vollstännegt Impfe mat AstraZeneca.

Ass d’Lëtzebuerger Regierung a Kenntnes vun dëse Resultater? A ginn zu Lëtzebuerg och Ënnersichungen zu den Immunreaktiounen no der Covid-Impfung gemaach? Dës an nach weider Froen, huet de Jeff Engelen un d’Gesondheetsministesch gestallt.

 

Deel dëse Post: