Impfpass als “Travel-App” an der Testphas …

De Weltverband vun de Fluchgesellschaften (IATA) ass amgaangen de sougenannten „Travel Pass” ze adren, eng Smartphone-App déi den aktuelle giele pabeiersen Impfpass ersetzt. Dëst ass och net déi eenzeg Impfpass-App, déi am Zesummenhang mat der Covid-Impfung entwéckelt gëtt.

De Jeff Engelen an de Roy Reding wëllen an enger parlamentarescher Fro wëssen, wéi d’Lëtzebuerger Regierung sech zu dësen Entwécklunge positionéiert a wéi si drop reagéiert. D’ADR Deputéierte stellen der Regierung hei eng ganz Rei Froen am Kontext vun der Rechtslag, der Kontroll a Reguléierung, dem Dateschutz an der sozialer Diskriminatioun.

 

Deel dëse Post: