Impfflicht bei der Arméi

A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Marc Goergen schreift den Arméisminister: “Ech confirméieren dass d‘Kandidate fir Zaldot oder Militaire de carrière ze ginn ab dem 1. Januar 2022 nëmmen ugeholl ginn, wann se ee vollstännegen Impfzyklus géint COVID-19 virweise kënnen.” Doduerch ass d’Arméi deen éischten ëffentleche Beruffssecteur hei am Land, wou eng Impfflicht agefouert gëtt, an dat, obschonns et nach guer kee Gesetz iwwer d’Impfflicht gëtt. D’Sécherheetsdéngschter hei am Land (CGDIS, Police, Arméi, asw.) sinn awer all vun der aktueller Pandemie-Situatioun betraff. Firwat gëtt d’Arméi also anescht behandelt wéi déi aner Déngschter? 

Deel dëse Post: