Impfen an den Alters- a Fleegeheemer …

Et besteet e gewëssent Mësstraue géintiwwer dem Impfstoff. Och ënnert de Leit am héijen Alter, déi als besonnesch vulnerabel gëllen, ass net jidderee bereet, sech impfen ze loossen. Well d’Impfung offiziell als net obligatoresch gëllt, ass de Leit hir Awëllegung hei néideg. Dëst gëllt och fir Leit, déi a Strukturen ewéi Alters- a Fleegeheemer liewen an eventuell ënner Tutelle stinn.

Wéi weist sech hei d’Kommunikatioun ronderëm d’Covid-Impfung, d’méiglech Niewewierkungen an d’Fräiwëllegkeet an esou Strukturen? Wat wieren déi rechtlech Konsequenzen, wann eng Persoun ouni d’Awëllegung vun der Tutelle geimpft géif? A wie misst d’Konsequenzen droen?

De Roy Reding an de Fred Keup wëllen et genau wëssen a stellen der Regierung eng Rei konkret Froen an dësem Zesummenhang.

 

 

Deel dëse Post: