Immobilitéit am Gespréich … Gast Gibéryen géint François Bausch

De grénge Minister wiert sech weider géint gratis ëffentlechen Transport. D’Leit esou de Minister, solle fir hire Billjee bezuelen, well se soss um Daach vum Bus an Zuch géinge sëtzen. Dat war am Ufank vum Face-à-Face op RTL tëscht Gast Gibéryen a François Bausch. De Wuesstem, op deen eise System opgebaut ass, huet Konsequenzen: Logement, 20.000 Leit, déi sech all Joer méi iwwert Lëtzebuerger Stroosse beweegen. De François Bausch gëtt Réckstänn zou a schwätzt vun “Entschleunigung” … op eemol en Discours, dee ganz no un der ADR läit. 

A Saachen Tram fuerdert d’ADR weider, datt den Tram net méi wäit soll fueren wéi tëscht Findel a Cloche d’Or. De Minister verdeedegt säi Blingbling-Zichelchen a wiert sech géing modern Léisunge wéi de Monorail. A selbstverständlech ass de grénge Minister och weider géint e gudden Ausbau vun de Stroossen an den Norden, also géint eng véirspuereg N7. De Gast Gibéryen duerzou: “Fir den Tram hutt Der Suen, fir den Norden hutt Der keng. Wann de François Bausch dauernd de Gast Gibéryen onhéiflech ënnerbrëcht, bleift deem just ee Fazit: “Niewend Ärer Meenung gëtt  keng aner toleréiert.” Stur gréng Ideologie géint Realitéit: dat assy dëse Face-à-Face. 

Deel dëse Post: