Illegal Inhaftéierung vum Journalist Pablo González?

De spuenesch-russesche fräiberuffleche Journalist Pablo González, dee sech op d’post-sowjetesch Welt spezialiséiert huet. Hat vir verschidde spuenesch Medienentreprisë wéi “La Sexta”, iwwert d’humanitär Kris op der polnesch-ukrainescher Grenz bericht.

Den 28. Februar 2022 gouf den Här González  vun Agente vun der polnescher Agence vir bannescht Sécherheet festgeholl. Polnesch Autoritéiten hu behaapt dass de Journalist, am Besetz vun 2 Päss mat ënnerschiddlechen Nimm wier. Dës Ugeleeënheet huet sech schnell gekläert, well säi russesche Pass hien als Pavel Rubtsov ausweist, wou den Nonumm vu sengem Papp benotzt gëtt. Am spuenesche Pass gëtt hien als Pablo González Yagüe ausgewisen, wou den Nonumm vu senger Mamm benotzt gëtt. Him gëtt virgeworf Spionage vir Russland gemaach ze hunn, mäi et goufen nach keng Beweiser dofir verëffentlecht. 

Den Här González sëtzt lo säit méi wéi engem Joer an Isolatiounshaft, datt heescht 23 Stonne pro Dag Isolatioun, a seng Fra konnt hie réischt 9 Méint nodeems hien an Haft koum, fir eng éischte Kéier besichen. De 15. Februar 2023 gouf seng Haft eng 4. Kéier verlängert, datt heescht bis zu dräi weider Méint Isolatiounshaft.

D’Meenungsfräiheet an domat och d’Fräiheet vun de Medien, gehéieren zu de Mënscherechter a gi mat Recht vun eiser Verfassung an internationalen Instrumenter geschützt. 

De Fernand Kartheiser huet an deem Kader eng parlamentaresch Fro gestallt, fir d’Positioun vun der Regierung zu deem Sujet erauszefannen.

Deel dëse Post: