Illegal Enteegnung duerch d’Waffegesetz?

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

Am Kader vun der Ëmsetzung vun der EU-Direktiv 2021/555 huet Lëtzebuerg säi Waffegesetz vum 2. Februar 2022 ugepasst, wat dozou gefouert huet, datt verschidde Waffen, déi virdru legal waren, elo verbuede sinn oder méi streng reguléiert ginn. Duerch dës Gesetzesännerung hunn sech vill Waffebesëtzer mat enger illegaler Waff erëmfonnt, obwuel déi betreffend Waff zum Kafzäitpunkt nach legal war.

An deem Kontext wéilt ech der Madamm Minister gär follgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Waffe si vun dëser neier Klassifizéierung betraff, a wéi vill dovu waren am Besëtz vu Privatpersounen?
  2. Wéi vill Demandë fir Ausnamen oder speziell Geneemegunge goufen zënter der Gesetzesännerung agereecht, a wéi vill dovu goufen approuvéiert oder refuséiert?
  3. Aus wéi enge Grënn sinn d’Ausnamen-Ufroe refuséiert ginn?
  4. Wéi eng Prozedure goufen deemools etabléiert, fir d’Besëtzer vun, nom neie Gesetz, illegale Waffen ze informéieren an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, dës Waffe legal ofzeginn oder unzepassen?
  5. D’Besëtzer vun, nom neie Gesetz, illegale Waffen, dorënner och Kollektiounswaffen, hunn doduerch e finanzielle Schued erlidden, ouni kënnen op eng Entschiedegung ze hoffen? Ass d’Regierung gewëllt, dës Ongerechtegkeet ze behiewen?
  6. Wat geschitt mat de Waffen, déi de Besëtzer bei der Police ofginn huet?

Mat déiwem Respekt,

Dan Hardy

Deputéierten

 

Deel dëse Post: