Ile aux clowns: eng traureg Nouvelle, déi virauszegesi war

D’ADR hëlt mat groussem Bedaueren – mä wéineg Verwonnerung – zur Kenntnis, datt de Projet Ile aux clowns virum Aus steet, well e vun enger Beschäftegungsinitiativ finanzéiert gouf, déi opgeléist ginn ass. Dëst ass eng traureg Nouvelle net nëmme fir déi 10 Leit, déi hir Aarbechtsplaz verléieren, mä och fir d’Patienten.

D’ADR huet sech jorelaang fir d’Opléise vun de Beschäftegungsinitiativen ausgeschwat. Et wier méi sënnvoll gewiescht e Service un d’ADEM unzeglidderen, mam Zil déijéineg, déi eng Aarbecht sichen, um éischten Aarbechtsmarché ënnerzebréngen. Déijéineg, déi keng Aarbechtsplaz um éischten Aarbechtsmarché fannen, sollen am Kader vum ëffentleche Secteur ënnerbruecht ginn, an zwar duerch Konventiounen tëschent op där enger Säit der ADEM an op där anerer dem Staat, de Gemengen oder den ASBLen.

Dat, wat elo mat de Beschäftegungsinitiative geschitt, entsprécht also zum groussen Deel deem, wat d’ADR verlaangt huet a wat och virauszegesi war. Et ass deementspriechend traureg, datt den zoustännege Minister nokuckt, wéi ëmmer méi Leit ënnert de Konsequenze vu Gemauschels tëscht Parteien a Gewerkschafte musse leiden, amplaz ze handelen.

De Projet Ile aux clowns ass nëmmen ee vu villen, déi duerch eng Beschäftegungsinitiativ finanzéiert goufen. Et gëtt also héich Zäit, datt den Dossier Beschäftegungsinitiativen a senger Gesamtheet betruecht gëtt an datt no enger konkreter Léisung fir all déi betraffe Leit gesicht gëtt.

D’ADR besteet jiddefalls drop, datt de Projet Ile aux clowns vun den ëffentlechen Instanzen esou ënnerstëtzt gëtt, datt e ka weiderhi bestoe bleiwen.

Deel dëse Post: