IEIS: En Institut ouni Suen mëcht sech selwer zou (Video)

An der Froestonn wollt de Fernand Kartheiser wëssen, firwat den Institut d’Etudes européennes et internationales vun der Regierung zougemaach gët. Den eenzegen aussepoliteschen Thinktank zu Lëtzebuerg hätt a sengen Aen verdingt, valoriséiert oder un den Ausseministär oder d’Uni rattachéiert ze ginn, well en och nëmmen e klenge Budget hat an international a wëssenschaftlech gutt Aarbecht gemaach huet.
De Premier Xavier Bettel, deem séngem Staatsministär den Institut ënnerstung, huet eng reng Slapstick-Äntwert ginn: D’Regierung, déi de Budget eleng gedroen huet, hätt den Institut net zougemaach, mais jhust hier Contributioun op Null gesat.

Deel dëse Post: