Hypokrisie pur!

Hypokrisie pur beim Gesetz iwwert d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch! Op Drock vun der ADR kritt d’Regierung, a mat hir d’CSV, esou lues Angscht, datt d’Leit dobausse mengen, si géifen sech net fir eis Sprooch asetzen – an  d’Leit hu Recht: Fënnef Joer hu Gambia an d’CSV elo alles gemaach, fir d’Lëtzebuergescht op den Ofstellgleis ze setzen: Multilingual Fréierzéiung, de Niveau vum Lëtzebuergesche beim Nationalitéitegesetz gouf erofgesat an den ëffentlechen Déngscht ëmmer méi opgemaach fir Leit, déi eis Sprooch net beherrschen etc. etc. Den DP-Slogan “Zukunft op Lëtzebuergesch” ass e rengen Angscht-Slogan, esou de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 27. Juni. Och d’CSV huet an de leschte Joren ausnamslos all eis Motioune verworf, déi zum Zil haten, d’Lëtzebuergescht ze fërderen. An elo als Affekot vun der Lëtzebuerger Sprooch optrieden: Hypokrisie pur!

De Combel ass: Dat neit Gesetz gesäit vir, en Zenter fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch anzeriichten. Wat een allerdéngs net muss kënnen, fir do schaffen ze däerfen? Lëtzebuergesch schwätzen!

Deel dëse Post: