Hei fannt Dir eng parl. Fro vum honorabelen Deputéierte Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Delegéiert Madamm Minister fir Medien a Connectivitéit weiderzeleeden.
An engem Artikel vun RTL Lëtzebuerg “Alldag an Erausfuerderunge vum Journalismus’”, deen den 22. Januar 2026 publizéiert gouf, gëtt op den Asaz vu Journalisten a Schoulen am Kader vum Projet “Lie Detectors“ verwisen. An deem Kontext stelle sech verschidde Froen iwwer d’Roll vun dëse privaten Acteuren am nationale Bildungssystem an d’Garantië fir Neutralitéit, Transparenz a Pluralismus, déi domadder verbonne sinn.
Dës Workshoppe riichten sech u mannerjäreg Schüler, déi e kritescht Denken entwéckele sollen, an et stellt sech d’Fro, a wéiwäit si mam Bildungsoptrag vun den ëffentleche Schoulen a mat gesetzleche Verflichtungen am Beräich vun der Bildung iwwerteneestëmmen.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi garantéiert d’Regierung, datt d’Interventioune vu Journalisten a Schoulen am Kader vum “Lie Detectors”-Programm sech strikt un déi politesch an ideologesch Neutralitéit am Schoulgesetz halen?
- Gëtt et e Kontrollmechanismus, fir ze iwwerpréiwen, ob dës Interventioune keng parteiesch Haltung oder Wäerturteeler iwwer spezifesch Medien oder Denkrichtunge vermëttelen?
- Wéi eng Critèrë goufen ugewannt, fir d’Journaliste vun RTL Lëtzebuerg auszewielen, déi an de Klassesäll schwätzen?
- Plangt de Ministère, Spriecher vun anere Medien anzebannen, fir e richtege Pluralismus an der Presentatioun vun der journalistescher Aarbecht ze garantéieren?
- Kann de Ministère d’Léiermaterialien, déi bei dëse Workshoppe benotzt ginn, zur Verfügung stellen?
- Ginn d’Elteren am Viraus iwwer dës Workshoppen informéiert a si si berechtegt, Widdersproch géint si anzeleeën?
- Wéi héich ass de geneeë Betrag vun de Finanzéierungsmëttel fir de Programm “Lie Detectors” zu Lëtzebuerg?
- Wéi eng Verflichtungen entstinn aus der Participatioun vu Lëtzebuerg un dësem europäesche Programm (EDMO)?
- Enthält de Programm Beispiller aus alternativen, onofhängegen oder net-traditionelle Medien, fir d’Diversitéit vun der Medielandschaft ze illustréieren?
- Wéi garantéiert de Ministère, datt d’Studenten a Schüler eng ausgeglache Presentatioun vun de verschiddene Forme vu Journalismus an de verschiddene redaktionellen Approchë kréien?
- Wéi schätzt d’Regierung de Risiko an, datt Acteuren aus private Medien d’Wahrnehmung vun de Studenten iwwer d’Zouverlässegkeet oder d’Legitimitéit vu bestëmmte Medie beaflosse kéinten?
- Gouf eng Analys iwwer d’Auswierkunge vun dëse Workshoppen op d’Entwécklung vum kriteschen Denke vun de Schüler duerchgefouert?
Mat déiwem Respekt,
Äntwert:
1.
D’Interventioune vu Journalisten am Kader vum Programm „Lie Detectors“ orientéiere sech strikt un de Prinzipie vun der politescher an ideologescher Neutralitéit, wéi se am Schoulgesetz an an de fundamentale Wäerter vun eisem Bildungssystem verankert sinn.D’Journalisten, déi sech engagéieren, ënnerleien als professionell Medienschaffend de berufflechen Deontologie-Prinzipie vum Conseil de presse an internationale Standarden vum ethesche Journalismus (Genauegkeet, Onofhängegkeet, Fairness, Mënschlechkeet, Verantwortlechkeet). Dës Prinzipie ginn och explizit an de Léiermaterialien opgegraff. D’Workshoppe si keng politesch Coursen, mee konzentréiere sech op d’Erkennung vun Desinformatioun a Mesinformatioun, an op d’Erklärung vum journalistesche Beruff a senge Methoden.
2.
Et besteet kee fräie Raum ouni pädagogesch Opsiicht: D’Journaliste si wärend de Visitten net eleng mat de Schüler, mee ëmmer a Präsenz vum Léierpersonal. Zousätzlech gesäit d’Konzept Feedback- an Evaluatiounsformulairen vir, déi systematesch agesammelt ginn. Dëst erlaabt eng kontinuéierlech Qualitéitskontroll. D’Thematik vun der Desinformatioun gëtt neutral, an onofhängeg vun parteieschen Haltungen oder Denkrichtunge abordéiert. Si betrëfft all gesellschaftlech Schichten a bezitt sech op de verantwortlechen Ëmgang mat Informatiounen, besonnesch am Kontext vu soziale Medien.
3.
D’Auswiel vun de Journaliste geschitt op Basis vu kloer definéierte Critèrë:
• Fräiwëllegkeet: Kee Journalist gëtt dozou verflicht. Et handelt sech ëm eng bewosst Entscheedung am Kader vun der berufflecher Aktivitéit.
• Zousätzlech Formatioun: Virum Asaz an de Klassen huelen d’Participanten un enger spezieller Dagesformatioun vum Programm deel, an där si mam pädagogesche Konzept a mat didaktesche Methoden vertraut gemaach ginn. D’Interventioune limitéiere sech dobäi net exklusiv op Journaliste vun engem eenzegen Haus.
4.
De Programm ass keng Initiativ vun engem eenzele Medium. Iwwer de Conseil de presse gouf en Opruff lancéiert, un deem sech all interesséiert Medie konnte bedeelegen. Et hunn och Journalisten aus verschiddene Redaktioune Formatiounen absolvéiert. De Programm ass prinzipiell op a pluralistesch ugeluecht.
5.
D’Léiermaterialie ginn duerch de SCRIPT an am Kader vum Programm zur Verfügung gestallt. D’Didaktik an d’Struktur vun de Workshope sinn transparent dokumentéiert.
6.
Vu datt d’Inhalter an d’Zilsetzunge vum Programm sech un de Programmer aus dem Enseignement Fondamental an dem Enseignement Secondaire orientéieren (https://edumedia.lu/uebersicht/), ass net virgesinn, datt d’Elteren extra informéiert ginn resp. aus iergendengem Grond kéinte Widdersproch aleeën.
7.
Den europäesche Projet EDMO (European Digital Media Observatory) ass net vum Lëtzebuerger Staat cofinanzéiert.
8.
D’Participatioun vu Lëtzebuerg um EDMO implizéiert keng politesch Interventioun an d’Schoulprogrammer, mee en Engagement am Kampf géint Desinformatioun. Fir déi bedeelegt Redaktiounen ëmfaasst d’Participatioun ënner anerem:
• Sensibiliséierungscampagnen zur digitaler Sécherheet („Safety First“),
• Publikatioun vu Faktenchecks,
• a Schoulvisitten am Kader vum „Lie Detectors“-Programm.
D’Initiativ fir eng Interventioun geet dobäi vun de Schoulen aus. D’Medie ginn net aktiv op d’Schoulen duer.
9. / 10. / 11.
D’Material ass net exklusiv op traditionell Medie limitéiert. Et geet ëm Methoden, net ëm d’Promotioun vun enger spezifescher Medielandschaft. De pedagogesche Fokus läit op der Analys vu Quellekritik, net op enger Presentatioun vum nationale Mediesecteur. D’Garantie vun enger ausgeglachener Presentatioun ass primär am pädagogesche Kader vum Enseignement verankert. D’Journaliste vermëttelen d’Grondprinzipie vum ethesche Journalismus, dorënner Onofhängegt a Fairness. Professionell Medie si gesetzlech an deontologesch verflicht, sachlech, fair a professionell ze berichten. Si ënnerleien dem Kader vun der modifizéierter Gesetzgebung vum 8. Juni 2004 iwwer d’Meenungsfräiheet an de Medien an de Kontrollmechanismen vum Conseil de presse. Doriwwer eraus, sief nach eng Kéier betount, datt de Programm, wéi an der Äntwert op d’Fro 4 schonns exposéiert, pluralistesch ugeluecht ass a keng Initiativ vun engem eenzele Medium ass. An datt, wéi schonns an der Äntwert op d’Fro 2 betount gouf, och eng pädagogesch Opsiicht besteet.
12.
Dëse Programm steet nieft aneren Initiativen, déi d’Stäerkung vun der Medienkompetenz vun de Schülerinnen a Schüler viséieren, wéi zum Beispill de Medienkompass, dat neit Fach Digital Sciences an och nach d’Interventiounen vu Bee Secure. Aus deene Grënn ass et net méiglech, den isoléierten Impakt vu sou enger punktueller Initiativ ze ermëttelen.