Huet sech d’Situatioun vun der Pediatrie zu Ettelbréck verschlechtert?

Hei fannt Dir déi parlamentaresch Fro vun der honorabel Députéiert Alexandra Schoos.

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Zënter Ufank Februar huet den CHdN (Ettelbréck) och e Service fir d’Pediatrie („Urgences pédiatriques”:https://sante.public.lu/fr/actualites/2024/01/chdn-pediatrie-urgences.html). Allerdéngs musse Kanner, déi mat enger Ambulanz kommen, Kanner mat schlëmme Krankheeten, déi eng Hospitalisatioun verlaangen, Kanner a Liewensgefor oder Kanner, déi psychiatresch Hëllef brauchen, nach ëmmer an d’Kannerklinik vum CHL fueren.

An dësem Kontext géing ech der Madamm Gesondheetsminister gär follgend Froe stellen:

  • Wéi vill Kanner sinn zënter der Erëffnung vun der Pediatrie zu Ettelbréck scho versuergt ginn? Wat ass déi duerchschnëttlech Unzuel u Kanner, déi pro Dag an d’Pediatrie kommen?
  • Ass genuch Personal (Kannerdokteren an Infirmièren) do, fir d’Demande ze decken?
  • Besteet eng passend a konform Infrastruktur fir eng Pediatrie bzw. eng Noutfallpediatrie zu Ettelbréck (Wartesall, Behandlungsraim, Kummeren a Better, Material)? Wann net, wéi gedenkt d’Regierung hei virzegoen?
  • Sinn d’Elteren (genuch) informéiert ginn, wéini si mat hirem Kand an den CHdN fueren däerfen?
  • Wéi ginn d’Situatioune geréiert, wann elo awer Eltere mat hire Kanner an den CHdN kommen obwuel d’Situatioun verlaangt hätt, datt si an den CHL hätte fuere missen?
  • Wéi gëtt den Triage am CHdN gemaach a wien hëlt d’Decisioun, ob et sech ëm e Kand mat schlëmmer Krankheet handelt, déi eng Hospitalisatioun verlaangt („Maladies graves nécessitant une hospitalisation”)?
  • Wéi vill Ambulanze mat Kanner sinn awer an den CHdN gefuer? Wéi gëtt hei d’Situatioun geréiert, wann dat de Fall ass?
  • Ass all CIS (Centre d’incendie et de secours) mat Ambulanzen informéiert ginn, datt si mat Kanner an d’Kannerklinik an den CHL fuere mussen?

Mat déiwem Respekt

Deel dëse Post: