Huet Lëtzebuerg genuch Dokteren?

De Fernand Kartheiser an de Jeff Engelen hunn an enger parlamentarescher Fro den Ëmstand opgegraff, datt Lëtzebuerg am internationale Vergläich ënnerduerchschnëttlech vill Dokteren op 1.000 Awunner huet. An engems wëlle si gewuer ginn, wéi vill vun deenen Dokteren Patientegespréicher kënnen op Lëtzebuergesch féieren. Och wëllen d’ADR-Deputéierte wëssen, wat Lëtzebuerg mécht fir den Dokteschberuff a säi Studium méi attraktiv ze maachen.

D’Äntwert ass net schéin: D’Regierung weess, datt d’Situatioun net favorabel ass. Wäit manner wéi d’Hallschent vun de knapp 4.000 Dokteren huet nach d’Lëtzebuerger Nationalitéit. A fir hei ze schaffen, geet et duer, entweder Franséisch oder Däitsch ze kënnen.

Deel dëse Post: