Sozialbüro: Spillraum bei der finanzieller Hëllefleeschtung?

D’Liewe verleeft net ëmmer esou, wéi een et plangt. Et ka virkommen, datt een sech an enger finanziell oder sozial prekärer Situatioun erëmfënnt, déi een net méi eleng geréiert kritt an op Hëllef ugewisen ass. An esou engem Fall kann een sech an der Gemeng un de Sozialbüro wenden. Hei stellt sech d’Fro, wat dem Sozialbüro seng Verflichtunge sinn, géigeniwwer eng Persoun, déi RMG bezitt a wichteg Rechnungen net méi bezuel kann. De Gast Gibéryen wollt et genau wëssen a stellt eng parlamentaresch Fro.

Deel dëse Post: