Huet d’Reform vum RGTR-Netz wierklech eppes bruecht?

D’Regierung hat mat vill Tam-Tam ugekënnegt, d’RGTR-Netz esou ze reforméieren, datt den ëffentlechen Transport elo eng Optioun fir all Bierger sollt ginn. Grad am ländleche Raum gesäit een awer eng Onmass u Bussen, déi Dag fir Dag eidel oder bal eidel duerch d’Géigend fueren. An deem Kontext wëll den ADR-Nord-Deputéierte vun der Regierung wëssen, ob d’Reform vum RGTR-Netz wierklech deen erhofften Erfolleg bruecht huet.

Deel dëse Post: