Mat der Reform vum Elterecongé sollt dëse méi flexibel kënne genotzt ginn, wat och de Pappe méi Zäit mat hire Kanner erméigleche sollt. De Fernand Kartheiser hannerfreet déi reell Situatioun vun där Flexibilitéit a wëllt sécherstellen, datt engem Papp säi Choix hei net duerch organisatoresch a finanziell Schwieregkeeten ageschränkt gëtt. Hie stellt der Madamm Familljeminister eng parlamentaresch Fro fir bestoend Zweiwel opzeklären